Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Wäin Tour 11. Juli

11. Juli @ 09:00 - 23:00

De Club des Jeunes fiert op Musel! Dëse Summer wëlle mir dann och méi iwwert Produktioun vun eisem gudde Lëtzebuerger Wäin eraus fannen. Dofir maache mir bei enger organiséierter Wäin Tour mat. Hei gi mir zu Bartreng vun engem Minibus ofgeholl deen eis bei déi verschidde Kellereie bréngt. Natierlech ass och deen een oder deen anere Patt mat dran. Platze sinn op 8 Leit limitéiert also wanns du mat wëlls kommen da mell dech sou séier wéi méiglech un.
Genau Auerzäite kommen nach no, mee eppes kenne mir iech elo scho versécheren et geet kee duuschtreg Heem!

Details

Datum:
11. Juli
Zeit:
09:00 - 23:00