Dezember 2024
Chrëschtfeier
Et ass endlech rëm souwäit: Dobausse gëtt et kaal, op Spotify leeft de Ronny Riff op Dauerschleife, de Bauch ass voll mat Chrëschtdagskichelcher an de Glüwäin kacht am Dëppen. Fir dass jiddereen nierwent dem private Kreess och d'CJB-Famill net vergësst, organiséiere mir rëm eng Chrëschtfeier fir iech Merci ze soe fir dat schéint Joer! Et gëtt leckert Iessen a genuch ze drénken, mir freeën eis op iech :)
Find out more »Januar 2025
Karting
Du hues den 5. Januar nach näischt ze dinn a Loscht sou richteg Gas ze ginn? Da komm mat eis op Metz Karting fueren! Um 16h fléien d'Felgen weg an dat fir eng Participatioun vu knapp 20€! Mell dech also gär hei un wanns de matgoe wëlls! :)
Find out more »