Lade Veranstaltungen

Anstehende Veranstaltungen

Veranstaltungen Suche und Ansichten, Navigation

Oktober 2022

Knäipentuer 15.10

15. Oktober @ 18:00 - 23:30

Treffpunkt ass den 15. Oktober 2021 um 18:00 beim Clubsall Lass geet et mat eisem traditionellen Kneipentour, hei treffe mir eis um 18:00 am Bureck. No engem Béier, villäicht zwee, komm en drëtten packen mir och nach! Huelen mir dann den Bus an d'Stad wou mir dann och zesummen eppes iessen. Wann mir bis eisen Fong am Bauch hu geet et dann mat engem flotten Cafés Tour weider.

Find out more »

Oktoberfest 22.10

22. Oktober @ 18:00 - 23:30

Treffpunkt ass den 22. Oktober um 18h00 am Centre Atert O'Zapft is heescht et dëst Joer och ërem zu Bartreng. Organiséiert gëtt dësen Owend vum Bartrenger Dëschtennis. Eng Truecht oder en Dirndl ass net obligatoresch, mee wann der eng doheem am Schaaf hutt, ditt se roueg un!!  Mir ginn natierlech déi eng oder aner Tournée. Dëst Joer iesse mir och zesummen um Oktoberfest. Kukt iech de Menü séier un an soot eis Bescheed wat dir z'Iesse wellt! Partizipatioun ass 20€.…

Find out more »

November 2022

Keelentournoi 18.11

18. November @ 18:00

Treffpunkt ass den 18. November um 18h um Busarret beim Bureck. Mir huelen zesummen de Bus, fir zesummen Keelen spillen ze goen. Mir froen eng kleng Participatioun vun 5 €. De Club wäert och e puer Tourneen ginn. Mëllt Iech op der Hp bis den 11. November un.

Find out more »

Wantermaart 26&27.11

26. November @ 16:00 - 27. November @ 17:00

D'Gemeng Bartreng organiséiert an Zesummenaarbecht mat den lokalen Veräiner ërem den traditionellen Wantermaart. De Club des Jeunes wäert natierlech och erëm um RDV sinn an bei den Stänn hëllefen. Méi Detailer kommen heizou no. Mir wieren awer frou wann dir Iech den Weekend vum 26. November - 27. November kéint fräi haalen an mat eis zesummen d'Chrëschtdagszäit aläuten kéint.

Find out more »
+ Veranstaltungen exportieren