
August 2022
Waasserski 27.08
Wéi all Joers gi mir och dëst Joer erëm op Bech-Klengmacher wou mer den ganzen Dag op der Musel Waasserschi fueren. Fir Iessen, Gedrénks, Musek a gutt Laun ass natierlech gesuergt. (soot eis just Bescheed wann dir zb eng vegetaresch Optioun wellt:)) RDV ass um 10h00 beim Clubsall wou mir dann zesummen dohin fueren. Participatioun ass 20€ mat Waasserski an 10€ ouni. Fir déi di wellen kënnen mir och owes do zelten, soot eis also bescheed! Bussi
Find out more »September 2022
Fouer 2.09
Treffpunkt ass hei um 18 Auer um Busarrêt am Duerfzentrum déi déi zesummen de Bus wëllen huelen oder géint 18h30 op der Schueberfouer. Wou genau mir eis do treffen, kennt per SMS a FB no. Freides den 2. September heescht et erëm CJB goes Fouer, wou mir en Dësch am Kessel reservéiert hunn um 20h30 fir mateneen ze prosten an eppes Leckeres z’iessen. Participatioun vun 15€.Fir dass den Club d’Iessen an och déi eng oder aner Tournéeë kann iwwerhuelen, froen mir eng
Find out more »Oktober 2022
Knäipentuer 15.10
Treffpunkt ass den 15. Oktober 2021 um 18:00 beim Clubsall Lass geet et mat eisem traditionellen Kneipentour, hei treffe mir eis um 18:00 am Bureck. No engem Béier, villäicht zwee, komm en drëtten packen mir och nach! Huelen mir dann den Bus an d'Stad wou mir dann och zesummen eppes iessen. Wann mir bis eisen Fong am Bauch hu geet et dann mat engem flotten Cafés Tour weider.
Find out more »Oktoberfest 22.10
Treffpunkt ass den 22. Oktober um 18h00 am Centre Atert O'Zapft is heescht et dëst Joer och ërem zu Bartreng. Organiséiert gëtt dësen Owend vum Bartrenger Dëschtennis. Eng Truecht oder en Dirndl ass net obligatoresch, mee wann der eng doheem am Schaaf hutt, ditt se roueg un!! Mir ginn natierlech déi eng oder aner Tournée. Dëst Joer iesse mir och zesummen um Oktoberfest. Kukt iech de Menü séier un an soot eis Bescheed wat dir z'Iesse wellt! Partizipatioun ass 20€.…
Find out more »November 2022
Keelentournoi 18.11
Treffpunkt ass den 18. November um 18h um Busarret beim Bureck. Mir huelen zesummen de Bus, fir zesummen Keelen spillen ze goen. Mir froen eng kleng Participatioun vun 5 €. De Club wäert och e puer Tourneen ginn. Mëllt Iech op der Hp bis den 11. November un.
Find out more »Wantermaart Freides 25.11 – Schicht 1 – 18h-20h
D'Gemeng Bartreng organiséiert an Zesummenaarbecht mat den lokalen Veräiner ërem den traditionellen Wantermaart. De Club des Jeunes wäert natierlech och erëm um RDV sinn an bei den Stänn hëllefen.
Find out more »