August 2021
September 2021
Fouer & Kessel
Dëst Joer kenne mir erëm an de Kessel goen, dofir hu mir séier een riesen Desch fir eis reservéiert dass mir kennen Gas ginn, well dir wësst jo et gett just ee Gas!:) Mëllt iech séier un. Participatioun ass 15€. RDV ass um 17:00 um Busarrêt beim Bureck:)
Find out more »Waasserski 04. September
Alle Jahre wieder! Och dëse Summer gi mir op eisen traditionelle Waasserski Ausflug. Dir wësst wéi et geet! Umellen, naass ginn, Béier drénken an zesumme Spaass hunn méi brauch een net fir en exzeptionell flotten Dag ze hunn. Hei sin mir leider och op 10 Leit limitéiert. Mëllt iech also séier un. Am Fall wou mir zu zevill sinn kucke mir demnowéi nach eng zweete Kéier fueren ze goen.
Find out more »Oktober 2021
Kneipentour 2. Oktober
Treffpunkt ass den 2. Oktober 2021 um 18:00 beim Clubsall Lass geet et mat eisem traditionellen Kneipentour, hei treffe mir eis um 18:00 am Bureck. No engem Béier, villäicht zwee, komm en drëtten packen mir och nach! Huelen mir dann den Bus an Stad wou mir dann och zesummen eppes iessen. Wann mir bis eisen Fong am Bauch hu geet et dann mat engem flotten Cafés Tour weider.
Find out more »Oktoberfest zu Bartreng 23. Oktober ab 19h
Dëst Joer organiséieren d'Dëschtennis-Frënn Bartreng erëm dat traditionellt Oktoberfest! Den CJB huet 10 Ticketen kaaf, fir sech den 23. Oktober 2021 ab 19h am Centre Atert ze geheien. Wann dir Loscht hutt matzegoen, mellt iech séier un, well d'Plaze sinn limitéiert. Dat Ganzt ass een CovidCheck Event, et ginn awer keng Schnelltester op der Plaz méi ugeholl.
Find out more »30 Joer CJB – Iwerraschungsaktivitéit vun den Anciens – 29. Oktober
Treffpunkt ass den 29. Oktober 2021 um 18:30 beim Clubsall Scho erëm si mir 1 Joer méi al an des Kéier och nach e ronnen Gebuertsdag, 30 Joer!!! Dat muss natierlech gebührend gefeiert gi. Dofir hu mir eng ganz speziell Aktivitéit virgesi, well eis Ancienen huelen deen Owend Heft an Hand. Kee weess wat se mat eis vir hu, mee eent ass sécher e lëschtegem an duuschtregem Owend steet näischt am Wee. Mell dech un a komm vir 18:30 bei den Clubsall, den Rescht ass Surprise, Surprise.
Find out more »November 2021
Keelentournoi 13. November
Treffpunkt ass den 13. November 2021 beim Clubsall Weider geet et, um Samsdig den 13. November, mat eisem traditionellen Keelentournoi, wou mir mol erëm eng Kéier eisen Nationalsport ausüben. Bei dëser ustrengender Sportaart gëtt den Club natierlech och déi eng oder aner Tournée aus. Auerzäit an Participatioun kommen nach no.
Find out more »