September 2020
Paintball 27. September 2020
27. September Treffpunkt ass den 27. September 2020 um 14h45 beim Clubsall Den 27. September geet den Club des Jeunes sech mool bëssen faarflech opfrëschen! Dofir ginn mir zesummen Paintball spillen ob Saint-Léger, direkt bei Arel. Mir treffen eis um 14:45 Auer beim Clubsall an fueren dann zesummen dohin. Denkt drun eppes unzedoen, wou deen een oder aneren Faarfkleks kann dropkommen an denkt un är Mask.
Find out more »Oktober 2020
Kneipentuer 9. Oktober 2020
Den 9. Oktober 2020 ass et rëm sou wéit, de Club des Jeunes geet ob den Knéipentour. Lass geet et net wéit vum Clubsall um 17:30 am Bureck. Weider geet et an d'Brauhaus géint 20:00 wou et dann och eppes géint den Honger gëtt. Fir de leeeeetzte Béier an Kaffi geet et dann an den Updown. Denkt drun wéinst den aktuellen Ëmstänn as et maximal 10 Leit. Wann dir awer sollt zu méi motivéiert si kenne mir gären no réserveieren.…
Find out more »November 2020
Karting 7. November 2020
Treffpunkt ass den 7. November 2020 um 14:45h beim Clubsall. Du stees ob Speed? Du wollst schonn ëmmer eng kéier weisen dat du deen schnellsten Raser am Club des jeunes bass? Dann ass dat hei genau déi richteg Aktivitéit fir dech. Samsdes Metten ginn mir zesummen op Lexi Karting fueren. Piste ass ab 16h exklusiv fir eis reservéiert. Ab dann heescht et: 10 Minutten Qualifying - 20 Minutten Course. RDV ass um 14:45h beim Clubsall. Sidd pünktlech, mir mussen nämlech um 16h do…
Find out more »Juni 2021
Assemblée Générale 25. Juni
Dëst Joer e bëssi méi spéit ewéi gewinnt, de 25. Juni 2021 ass eis Assemblée Générale. Um 20h00 starte mir an der Arca zu Bartreng. Hei wäerte mir dann och e klenge Réckbleck vun den Aktivitéite vum leschte Joer maachen.
Find out more »Trëppeltour 27. Juni
Treffpunkt ass den 27. Juni 2021 op der Bartrenger Gare Den 27. Juni geet de Club des Jeunes fir eng zweete Kéier sech Been vertrieden, hei geet et iwwer 20km vu Luerenzweiler bis op Dummeldeng. Dofir huele mir Moies zesummen den Zuch vu Bartreng bis op Luerenzweiler, wou eisen Trëppeltour dann och lass geet. Am Nomëtten huele mir dann och erëm zesummen den Zuch vir zréck. Denkt drun Iech de Wiederkonditiounen entspriechend unzedoen an denkt un är Mask. Wichteg ass och e Rucksak mat engem Sandwich a Gedrénks matzehuelen, well ouni Sprit kennt een net wäit! PS déi genau Auerzäiten…
Find out more »