November 2024
Keelentournoi
Den 22. November organiséiere mir wéi all Joers e Keelentournoi! Wou mir genau dëst Joer higinn gëtt iech nach kommunizéiert :)
Find out more »Dezember 2024
Kleeschen-Clubsall
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, bréng eis Béier allerhand... awer bitte an de Clubsall! Mir maachen endlech rëm e Clubsall, wou mir net nëmmen den neien Clubsall kënne bestaunen, mee och zesumme wichtelen. Wuhuuu :)
Find out more »Wanter Quizowend vum Club des Jeunes Ehnen
Als Club si mir ageluede gi vum CdJ Ehnen fir eist Wëssen op hirem Quizowend ënner Beweis ze stellen! Dat Ganzt geet den 14.12. um 18h30 lass, wéi mir dohi komme kucke mir wann et esou wäit ass! :)
Find out more »Chrëschtfeier
Et ass endlech rëm souwäit: Dobausse gëtt et kaal, op Spotify leeft de Ronny Riff op Dauerschleife, de Bauch ass voll mat Chrëschtdagskichelcher an de Glüwäin kacht am Dëppen. Fir dass jiddereen nierwent dem private Kreess och d'CJB-Famill net vergësst, organiséiere mir rëm eng Chrëschtfeier fir iech Merci ze soe fir dat schéint Joer! Et gëtt leckert Iessen a genuch ze drénken, mir freeën eis op iech :)
Find out more »