Häerzlech Wëllkomm beim Club des Jeunes Bartreng

Wee si mir?

Mir sinn e Grupp vun ongeféier 60 Raiberen déi sech probéieren eemol am Mount an eisem Clubsall ze treffen. Dat ass leider net ëmmer esou einfach, si jo awer vill vun eise Memberen an der Welt verstreet. Ass een awer mol am Ländchen, da kann et och mol passéieren, datt mer eis zwee Deeg um Stéck gesinn!

Wat maache mir?

Ganz ënnerschiddlech Aktivitéite stinn um Programm! Déi klassesch wei Silvester, Jux-Tournoi, Keelen oder d’Bartrenger Duerffest. Ice-Karting oder Waasserschi gehéieren zu deene méi aussergewéinlechen Aktivitéiten.

Wei kanns du matmaachen?

Wann’s du lo Loscht krus mat op eng vun den Aktivitéiten ze goen oder einfach nëmmen eng Kéier wëlls luusse kommen, da mell dech um Duerffest beim bloen Dikrech Stand. Oder due mells dech ganz einfach iwwert de Contact Formulaire beim Comité a mir soen dir weini’s de eng Keier bei eis an de Clubsall kanns kommen.