August 2026
Waasserski 22 & 23.8
Wéi all Joer fueren mir den 22. August bei den CNL op Bech-Klengmaacher bei de Koschti Waasserski fueren:) Fir Iessen, Gedrénks, Musek a gutt Laun ass natierlech gesuergt. (soot eis just Bescheed wann dir zb eng vegetaresch Optioun wellt)RDV ass um 10h00 beim Clubsall wou mir dann zesummen dohin fueren. Participatioun ass 20€ mat Waasserski an 10€ ouni. Fir déi di wellen kënnen mir och owes do zelten, soot eis also bescheed! Mir freeën eis ob iech! Äre Comité :)
Find out more »Fouer 2026
Den 28. August ass et rëm sou weit. Gromperekichelcher, Achterbunnen an e Patt Béier. Et ass rëm Fouer zu Lëtzebuerg. Zesumme gi mir bei d'Gréngt Spill prosten a ginn dono eppes Leckeres an de Kessel iesse. De Club iwwerhëlllt d’Iessen an och déi eng oder aner Tournéeë, an dësst joer froe mir keng Participatioun :).Treffpunkt ass hei um 18 Auer um Busarrêt am Duerfzentrum fir déi déi zesummen de Bus wëllen huelen oder géint 18h30 op der Schueberfouer. Wou genau…
Find out more »September 2026
Petanques Tournoi bei den Amis de la pétanque
Den 05.09 ass rëm zeit fir Petanque.Den Amis de la petanque hunn wéi all Joer hieren Bullentournoi an mir sinn erem vertrueden.Lass geet et um 10h am Petanque Park niewend dem Skatepark. Mir freëen eis ob iech!Äre Komité
Find out more »Oktober 2026
Rittermahl 24.10
Hallo léiw Memberen,De 24.10 feiert den CJB 35 Joer a fir ze feieren an eng Traditioun virun ze fuere wäerte mir dee Gebuertsdag ob Longuich ob d’Alter Burg ob d’Rittermahl goen an do zesumme mat den Anciens gutt feieren.Den Trajet maache mer duerch ee Bus dee mer léine wäerten, Depart an Arrivée zu BartrengHaalt iech et am Kalenner freiÄre Comité
Find out more »31.10 Wollfësbal
Den 31. Oktober ass et rem sou weit, d’Garnich Wolves hunn erem hiere Wollefsbal un Halloween 🎃 🐺 .Um Bal selwer gëtt de Club e puer Tournéen aus, en Ticket muss der iech selwer huelen.Mir hunn awer nach e puer Gratis Tickets vum Quizowned an do ass first come first serve.Mir freëen eis ob iechÄre Komite ✌️
Find out more »November 2026
Nilpäerdjuecht 7.11
De 7. November gëtt et rëm zeit fir Staat onsëcher ze maachen. 🍻 🦛 Kommt mat ob eis 2. Nilpäerdjuecht fir 1,2,3,4…8,9,10 Pätt ze drënken an dobei vun Café zu Café ze goen an eis schéin Staat ze begutachten. D’Participatioun wär 5€ heifirMir freëen eis ob iech.Äre Komite☺️ 🦛
Find out more »