August 2026
Waasserski 22 & 23.8
Wéi all Joer fueren mir den 22. August bei den CNL op Bech-Klengmaacher bei de Koschti Waasserski fueren:) Fir Iessen, Gedrénks, Musek a gutt Laun ass natierlech gesuergt. (soot eis just Bescheed wann dir zb eng vegetaresch Optioun wellt)RDV ass um 10h00 beim Clubsall wou mir dann zesummen dohin fueren. Participatioun ass 20€ mat Waasserski an 10€ ouni. Fir déi di wellen kënnen mir och owes do zelten, soot eis also bescheed! Mir freeën eis ob iech! Äre Comité :)
Find out more »Fouer 2026
Den 28. August ass et rëm sou weit. Gromperekichelcher, Achterbunnen an e Patt Béier. Et ass rëm Fouer zu Lëtzebuerg. Zesumme gi mir bei d'Gréngt Spill prosten a ginn dono eppes Leckeres an de Kessel iesse. Fir dass de Club d’Iessen an och déi eng oder aner Tournéeë kann iwwerhuelen, froe mir eng Participatioun vu 15€.Treffpunkt ass hei um 18 Auer um Busarrêt am Duerfzentrum fir déi déi zesummen de Bus wëllen huelen oder géint 18h30 op der Schueberfouer. Wou genau…
Find out more »Oktober 2026
Rittermahl 24.10
Hallo léiw Memberen,De 24.10 feiert den CJB 35 Joer a fir ze feieren an eng Traditioun virun ze fuere wäerte mir dee Gebuertsdag ob Longuich ob d’Alter Burg ob d’Rittermahl goen an do zesumme mat den Anciens gutt feieren.Den Trajet maache mer duerch ee Bus dee mer léine wäerten, Depart an Arrivée zu BartrengHaalt iech et am Kalenner freiÄre Comité
Find out more »