November 2025
Keelentournoi 07.11
Alle Jahre wieder ass eise Keelenrtournoi am Stamminet zu Merl 🎳🍻. Um 19h00 geet et zu Merl lass. Mir treffen eis géint 18:15 beim Busarrêt Gemeng an huelen dann zesummen de Bus bei de StamminetMir iessen och zesummen do.Participatioun wäert 10€ sinn Mir feeën eis ob iech.Äre Comité ☺️
Find out more »Wantermaart 1. Schicht 11h30-15h
Et ass erëm Wantermaart zu Bartreng a mir maache rëm Fritten.All Hëllef ass wëllkomm an et gëtt natierlech och eppes ze drénke dofir fir iech :)Merci fir jiddwereen deen Hëllefe kannÄre Comité :)
Find out more »Wantermaart 2. Schicht 15h30 -18h
Et ass erëm Wantermaart zu Bartreng a mir maache rëm Fritten.All Hëllef ass wëllkomm an et gëtt natierlech och eppes ze drénke dofir fir iech :)Merci fir jiddwereen deen Hëllefe kannÄre Comité :)
Find out more »Dezember 2025
Kleeschen Clubsall 6.12
De Kleesche kënnt erëm. Wéi all Joer organiséieren mir eise Kleesche Clubsall mat Wichtelen erëm.Dat heescht fir all déi déi sech umellen gëtt gewichtelt. De Preis vum Cadeau soll em déi 5€+- sinn.Mir feeën eis ob iech :).Bis dann äre Comité
Find out more »Januar 2026
Après Schlitt 16.1.2026
Wéi all Joer organiséiere mir dëst Joer erëm eisen Après-Schlitt am Chalet zu Bartréng.Eis Chrëschtfeier fält dëst Joer leider méi spéit mee dat hält eis net dovun of fir e Gudde Glühwäin ze drénken a bei dem Ronny Riff senge Bangers unzestoussen.Mir freeën eis ob jiddweree mat dem mir kënnen e weidert Joer Club des Jeunes ofschléissen an eis ob dat nächst prett ze maachen.Mir freeën eis ob iech :)
Find out more »März 2026
AG 6.3.2026
Et ass rëm souwäit. En neit Joer CJB heescht och rëm eng néi AG.Mellt iech lo schonn u fir zesummen e weidert Joer CJB ze anzeleeden an ze feieren!Mir freeën eis ob iech :)
Find out more »Quizowend Garnich Wolves
D’Garnich Wolves hunn eis ob hire Quizowend agelueden.Mellt iech un a schreift a klammeren ob der vegetaresch Nuddele mat Tomatenzooss oder Bolo wëllt.Mir freeën eis ob iech.Äre Comité 😊
Find out more »Grouss Botz 21.3
Den 21. Mäerz ass wéi all Joer Grouss Botz zu Bartreng.Rendez-vous ass Moies um 9:30 am Centre Atert.Mellt iech bitte spéitstens bis den 11. März un.Merci fir jiddwereen deen hëllefe kënnt ✌️Äre Comité ☺️
Find out more »Quizowend Scouten 28.3.2026
D'Scouten organiséieren den 28. Mäerz rëm hire Quizowend a mir sinn natierlech als CJB och rëm dobäi.Also maacht iech bei a mellt iech u fir zesummen eis dem CJB säi Wëssen ze beweisen ;)Mir freeën eis ob iech :)
Find out more »April 2026
Paintball 11.4
Den 11. Abrëll hutt der Chance fir iech géigesäiteg of ze schéissen.Mir ginn an de GAUME Paintball spillen.Mellt iech zu genuch u wat mer zu méi si wat besser.Participatioun ass 15€.Äre Comité 😊
Find out more »