August 2024
Waasserschi
Alle Jahre wieder, mir fueren bei den CNL op Bech-Klengmaacher bei de Koschti Waasserschi fueren:) Fir Iessen, Gedrénks, Musik a gutt Laun ass natierlech gesuergt (soot eis just Bescheed wann dir zb eng vegetaresch Optioun wëllt!). RDV ass um 10h00 beim Clubsall wou mir dann zesummen dohi fueren. Participatioun ass 20€ mat Waasserski an 10€ ouni. Fir déi déi wëllen kënne mir och owes do zelten, soot eis also Bescheed! Bussi :)
Find out more »September 2024
CJB goes Fouer
Treffpunkt ass hei um 18 Auer um Busarrêt am Duerfzentrum fir déi déi zesummen de Bus wëllen huelen oder géint 18h30 op der Schueberfouer. Wou genau mir eis do treffen, kënnt nach no. Samschdes den 7. September heescht et erëm CJB goes Fouer, wou mir zesumme prosten an eppes leckeres an de Kessel iesse ginn. Fir dass den Club d’Iessen an och déi eng oder aner Tournéeë kann iwwerhuelen, froe mir eng Participatioun vun 15€.
Find out more »Petanquestournoi zu Bartreng 10h-17h
De 14. September ass wéi all Joers de Petanquestournoi zu Bartreng vun 10h bis 17h, wou mir eng oder eventuell souguer zwou Ekippen umellen! Eng Ekipp setzt sech aus 3 Leit zesummen, dir musst och net gutt sinn fir matzemaachen, et geet ëm de Spaass! :)
Find out more »Simon 200 Gebuertsdagsparty
Als Club si mir invitéiert ginn, fir op den 200. Gebuertsdag vun der Simon-Brauerei zu Woltz laanschtzegoen! Wann dir also den 28. September nach näischt vir hutt an alles wat si ze bidden hu fir 1,50€ schmaache wëllt, kommt mat! Dohanne ginn et och Schlofplazen, soot eis also bei der Umellung Bescheed op dir do schlooft :)
Find out more »Oktober 2024
Oktoberfest vum Dëschttennis Bartreng
O'zapft is! Den 19. Oktober organiséiert de bartrenger Dëschtennis rëm hiert traditionellt Oktoberfest! Wéi all Joers gi mir als Club rëm dohin, wou och déi eng oder aner Tournée fir eis Memberen dobäi ass :)
Find out more »